|
Iván Boumans Molina
Am November 1983 zu Madrid gebuer.
Den Ivan verbréngt seng Kandheet an dem klengen Duerf Valverde del Jucar aus der Provenz Cuenca, a Spuenien.
1993 gëtt an dësem Duerf eng kleng Muséksschoul gegrënnt, mat dem Ziel, eng Fanfare op d’Been ze setzen. An dëser Museksschoul hëlt hien 1993 fir d’éischt Solfègecoursen. Do kritt hien och seng éischt Klarinettecoursen an e puer Méint méi spéit schreift hien sech an der Museksschoul vum Nopeschduerf an an hëlt do Pianosunterrecht.
1997 besicht hien den Conservatoire vun Cuenca, wou hien Pianos- an Solfègecoursen während engem Joer hëlt.
1998 etabléiert hien sech zu Lëtzebuerg, dem Gebuertsland vun sengem Papp.
An deem nämlechten Joer schreift hien sech och um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an, wou hien bis haut folgend Cours’en hëlt: Piano, Pianosbegleedung, Klarinett, Kammermusek, Orchestratioun, Museksgeschicht, Harmonie, Pädagogie, Methodologie, Orchesterdirektioun, Analyse, Kompositioun, Museksinformatik, Uergel an Kontrapunkt.
D'musikalescht Ëmfeld zu Lëtzebuerg erméiglecht et him, parallel als onofhängegen Komponist säit 1999 an als Orchesterdirigent säit 2004 ze schaffen.
2005 hëllt hien Harmonie an Kontrapunktscoursen um ''Conservatoire du 17e arrondissement'' an um ''Conservatoire National de Région'' vu Paräis.
2006 besicht hien den CNSMDP (Conservatoire National Supérieur de Musique et Danse de Paris) wou hien bis haut Harmonie, Kontrapunkt, Analyse an Arrangement studéiert.
Currículum Herunterlueden
(op pdf. format) |
bald verfügbar
|
-------
Lëscht vun den Professeren :
1993-1997 : Jesús Miguel Arribas Redondo (Solfège), Francisco Sánz González (Klarinett a Kammermusék), Pedro Pablo Morante Calleja (Piano)
1997-1998 (am Conservatoire vun Cuenca, Spuenien) :
Elisa Pulla Escobar (Solfège) an María-Rosa Pérez Gil (Piano)
1998-… (am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg,Lëtzebuerg) :
Romain Nossbaum (Piano), Marie-Ange Faber-Frisch an Jean Paul Frisch (Harmonie), Roland Kaber (Kontrapunkt), Marco Pütz (Orchestratioun), Luc Grethen (Muséksgeschicht), Johny Fritz an Henri Jeitz (Klarinett), Francine Lorentz-Fritz (Pianosbegleedung), Dorothée Ivanov-Moris (Methodologie), Martine Schaack (Pädagogik), Catherine Reifenrath an Iglika Marinova (Kammermusék), Benny Erhlich (Déchiffrage um Piano), Carlo Jans (Orchesterdirektioun), Claude Lenners (Kompositioun, Analyse an Muséksinformatik) an Alain Wirth (Uergel)
2005-2006 (am Conservatoire du 17ème Arrondissement an am
Conservatoire National de Région zu Paräis) :
Stéphane Delplace, Thibault Perrine et Jean-François Zygel (Harmonie an Kontrapunkt)
2006-…(am Conservatoire National Supérieur de Musique et Danse de Paris) :
Jean-François Zygel et Yves Henry (Harmonie), Bruno Ducol (Analyse), Isabelle Duha (Harmonisatioun am Piano), Pierre Pincemaille, (Kontrapunkt) an Cyril Lehn (Arrangement)
|